All Ufank ass schwéier ...
Mäin Numm ass Sarah De Demo an ech sinn elo säit néng Méint am Projet “Casa de los niños” zu Cochabamba a Bolivien. Ech hu mech als frësch diploméiert Psychomotorikerin an dësem Projet engagéiert, well en ënner anerem Therapië fir jonk Kanner a Jugendlecher ubitt.
Meng Ziler waren et ënner anerem eng ganz aner Kultur wéi déi déi mir zu Lëtzebuerg, respektiv an Europa hunn, kennenzeléieren. Ech wollt eng nei Sprooch léieren a beherrschen, méi Selbstbewosstsinn gewannen an Erfarungen duerch den Austausch an d'Zesummeschaffen mat de Professionellen aus dem Projet sou wéi duerch d’Ubidden vu spezifesche Psychomotoriksseancen sammelen.
Wéi ech awer du bis ukomm sinn, hunn ech schnell gemierkt, dass et guer net sou einfach ass seng Ziler ze erreechen. Ech hu missten déi éischt Méint mat Kommunikatiouns- an Integratiounsschwieregkeeten mat der Equipe a mat mengem Tuteur eens ginn. Meng Plaz an der Kommunitéit hunn ech misste fannen a mech mat der Sprooch ausernee setzen. Et ass mat der Zäit e bësse besser ginn, mee ech hu mech haaptsächlech duerch d’Kenneléiere vun anere Volontairen an anere Leit déi och an der Kommunitéit liewe besser konnten integréieren. Déi Leit ëm mech an d’Zäit hu mer gewisen dass ech meng Ziler rofsetze muss, well d’Aarbechtskonditiounen, d’Aarbechtsmentalitéit an d’Kultur mir net onbedéngt déi Chancë gi meng Aarbecht sou auszeféiere wéi ech mer dat gewënscht hunn. Ech hu geléiert, dass d’Kanner net onbedéngt eng Psychomotorikerin brauchen, déi eng psychomotoresch Aarbecht mat hinne leescht, mee si brauchen einfach eng Persoun déi fir si do ass a mat där si eng kuerz awer wäertvoll Zäit verbrénge kënnen.
Ech schaffen all Moien an der “Casa de los niños” mat verschidde Kanner a Jugendlecher déi divers Handicapen hunn, wéi zum Beispill Autismus, Microcéphalie, Downsyndrom oder och e motoresche Retard. All 30 Minutte kënnt en anere Beneficiaire an ech pro-poséieren him eng psychomotoresch Seance, déi méi op d’Stimulatioun baséiert ass.
Ech hu mech entscheet mech och Mëttes a menger Fräïzäit ze engagéiere bei der Fondatioun “Bolivia Digna”. Hieren Haaptprojet ass eng Hausaufgabenhëllef, sou wéi d’Ubidde vu verschiddenen Aktivitéiten fir vulnerabel Kanner. Ech schaffen elo säit puer Méint mat engem véier Joer ale Meedchen, wat net schwätzt, mee keng neurologesch Symptomer virweist déi den Accès un d’Sprooch hënneren. Duerch déi eent zu eent Aarbecht, kann hat elo d’Faarwe benennen, identifizéieren a Similitudë virweisen.
Ënner anerem hunn ech mech och bei der “Casa Girasol” engagéiert, déi freides owes eng Iessensverdeelung fir d’Leit déi op der Strooss liewen organiséiert. Och sonndes sinn ech mat hinne matgaange fir de Kanner eng Hausaufgabenhëllef unzebidden. En anere Projet bei deem ech och matschaffen ass bei “San Igidrio”. Si bidden och donneschdes owes eng Iessensverdeelung fir d’Leit un déi op der Strooss liewen.
Wärenddeems hunn ech mir e Frëndeskrees opgebaut, ech hat d’Chance de Peru wärend menger Wantervakanz ze entdecken a reese weiderhin duerch Bolivien fir déi eenzel Ritualer, Kulturen an Iessgewunnechte vun de Leit hei kennen ze léieren...
Hasta luego !
Sarah
All Enn ass genausou schwéier wéi den Ufank ...
Nodeems ech iech e bësse vu mengen éischte Méint verzielt hunn am leschte Bulletin, sinn ech an der Tëschenzäit nees zeréck zu Lëtzebuerg. Ech hunn am Ganze véierzéng Méint a Südamerika verbruecht. Ech hat d’Méiglechkeet haaptsächlech am Projet vun der “Casa de los niños” zu Cochabamba a Bolivien als Psychomotricienne ze schaffen an am Projet “Fundacion Bolivia Digna”. Och Chrëschtdag hunn ech a Bolivien mat de Kanner gefeiert andeems mer eng Recolte organiséiert hu fir hinnen eng Spillsaach an eng ganz nei Kleedertenue ze schenken. Wat meng lescht Méint an der Casa ubelaangt, hunn ech weiderhi meng Psychomotoriksseancen ugebueden. Wärend mengem leschte Mount, huet mech eng Physiotherapeutin begleet fir kënne meng Roll am sensoresche Sall no mengem Départ z’iwwerhuelen.
An der “Fundacion Bolivia Digna”, hunn ech weiderhi mam mëttlerweil fënnef Joer ale Meedche geschafft vun deem ech iech am leschte Bulletin gezielt hunn. Hatt schwätzt net obscho keng neurologesch Symptomer virleien déi d’Schwätze verhënneren. Zwou Woche viru mengem Depart, hu mir ugefaangen déi néideg Demarchen ze ënnerhuelen fir en Diagnostik ze hunn, deen eis méi iwwert seng Schwieregkeeten informéiere wäert. Ech wéilt mech nämlech weiderhi fir hatt engagéieren an hatt a seng Famill bei de Käschte vum Diagnostik a vun enger eventueller Therapie finanziell ënnerstëtzen. Fir dat kënnen ze maachen, wäert ech an deenen nächste Wochen eng Fotosausstellung organiséieren. Dobäi wäert ech awer och fir déi aner Projet’en, an deenen ech eng Hand mat ugepak hunn, Sue sammelen. D’AMU wäert d’Datumer vu menger Ausstellung op Facebook an Instagram annoncéiere soubal se fest stinn.
Wéi meng Zäit a Bolivien op en Enn komm ass a mäi Fliger fir den 31. Mäerz reservéiert wor, hunn ech mech missen dorop virbereeden de Leit an der “Casa de los niños” an de Kanner vun der “Fundacion Bolivia Digna” Äddi ze soen. Dobäi sinn immens vill Emotiounen, déi net ëmmer am Aklang zuenee waren an nach ëmmer net sinn, zesumme komm. Ech hu mech laang gefrot wéi ech hinne kéint mat de richtege Wierder erklären, dass meng Zäit hei schonn eriwwer wier an ech zeréck a mäin Heemechtsland misst reesen. Dobäi hunn ech gemierkt dass et hinnen extrem schwéier fält, well déi meescht näischt aneres wéi hiert Duerf kennen, ze realiséieren dass een als Volontaire net fir ëmmer mat hinne schaffe wäert, mee iergendwann de Moment kënnt, an ee rëm zeréck an säin Heemechtsland muss reesen. Do mierkt ee wéi eng grouss Auswierkungen ee kann hannerloossen.
An obwuel ech versicht hunn, eis alleguer a mech inclus, op mäin Depart virzebereeden, ass et guer net sou einfach gewiescht. Natierlech ass déi mental Virbereedung net sou realistesch wéi déi reell Trennung. Dëse leschten Dag wor mat ganz villen Tréine verbonnen, souwuel vu menger Säit, mee awer och vun der Säit vun de Kanner, vun den neie Frënn, anere Volontairen a Professionellen, mat deenen ech zesumme geschafft hunn. Et léisst ee schlussendlech net just déi Leit a Kanner zeréck, déi ee kennegeléiert huet, et ass e ganzt Stéckchen vu sengem Liewen, dat een sech dohannen opgebaut huet, dat een och zeréck léisst.
Niewent menger Aarbecht hat ech d’Chance nach weider kënnen ze reesen! Engersäits konnt ech mäi Congé eranhuele fir mat mengen Elteren, déi mech zwou Woche besiche komm sinn, Bolivie weiderhin ze entdecken.
Anerersäits, duerch de Fait dass ech kee Joresvisa kritt hunn an doduerch aus dem Land hu missen ausreesen an als Tourist rëm era reesen, konnt ech meng al Kolleegen an d’Famill vum Projet “Escuela Aurora” (Norde vun Argentinien), mat deem d’AMU och schafft a wou ech mech schonn 2020 engagéiert hat, rëm gesinn an e bëssen Zäit mat hinne verbréngen. Ech si méi spéit nach mat Kolleegen duerch Patagonien (argentinesch Säit) gereest, an duerch de Chile rëm zeréck komm.
Ech kann nëmmen e grousse Merci un d’AMU an un den SNJ ausriichten, déi mir eng zweete Kéier d’Méiglechkeet ginn hunn e Fräiwëllegendéngscht auszeféieren an dës flott Erfarung kënnen ze maachen, souwuel mat sengen Déiften, wéi och Héichten.
Dës Kéier awer wierklech… Nos vemos!
Sarah de Demo
Juni 2025
Action pour un Monde Uni asbl - NGO accredited Non-Governmental Organization in Luxembourg

Contact