Volontariat am Perou: Simone Neu

Meng Zäit am "Instituto Mundo Libre"

Am September 2022 sinn ech fir 6 Méint am “Instituto Mundo Libre” zu Lima am Peru ukomm. Ech sinn direkt an 2 komplett nei Welte gehäit ginn: eemol de Peru an eemol d’Welt am Mundo Libre bei de Meedercher tëscht 13 a 16 Joer, déi am Schnëtt 2-3 Joer do liewe fir therapéiert ze ginn, therapéiert vun den Drogen déi si konsuméiert hunn. Vill vun hinnen hunn eng Zäit op der Strooss gelieft, vill Meedercher hunn sech prostituéiert an hu schonn ofgedriwwen. Do ass zum Beispill d’Milagros, e jonkt Meedche vu 14 Joer, wat mat 7 Joer ugefaangen huet Drogen ze huelen, seng 2 Bridder sëtzen am Prisong. D’Ariana war entfouert an agespaart ginn, fir sech mussen ze prostituéieren, mat 12 Joer. Hatt huet musse vill Drogen huelen. Oder d’Mayleen war erwëscht gi wéi hatt aus Kolumbien Drogen an d’Land schmuggele sollt. D’Meedercher hu mech schnell a léif an hir Famill, wéi si hir Gemeinschaft am Mundo Libre nennen, opgeholl. Et herrscht eng streng Disziplin am Haus, Respekt gëtt grouss geschriwwen! Wat mech nach iwwerrascht huet ass, wéi vill déi Erwuessen (Educatricen, Responsabel, Infirmière) mat de Meedercher an och d’Meedercher ënnerteneen, schwätzen an erklären… do kënne mir eis hei zu Lëtzebuerg eng Scheif ofschneiden!

Den Dag ass duerchstrukturéiert: géint 5h stinn d’Meedercher op, 1/2 Stonn Sport, duerno duschen (kal!), botzen (jiddereen huet seng Kommissioun ze erleedegen), um 7h iesse mir.

Virum a nom Iesse gëtt gebiet, all Dag biet ee Meedche vir, déi aner widderhuelen. Oft soen se dem Härgott Merci fir d’Iessen dat mir um Dësch hunn, biede fir déijéineg déi op der Strooss liewen an näischt fir z’iessen hunn, biede fir hir Famill, d’Personal am Mundo Libre a fir eng spezifesch Persoun där et grad net gutt geet. Si bieden och fir staark ze bleiwen, dass si hir Therapie fäerdeg maachen. Wärend dem Iesse kréien d’Meedercher Medikamenter, géint hir Drogenofhängegkeet, Depressioun, Ängschten, Aggressiounen,…, déi se direkt virum Erzéier mussen ofschlécken an de Mond weisen dat se wierklech fort sinn.

All Moien an der Woch fënnt den “encuentro matudinado” statt. Fir d’éischt gëtt eng Litanei opgesot iwwert dat wat war, wat elo ass, wat muer wäert sinn, impressionnant! Eent vun den eelste Meedercher féiert duerch den encuentro. All Meedche gëtt no vir geruff fir seng Famill, also d’Gemeinschaft ze begréissen, deelt hinne mat wéi et sech fillt a wat him grad net gefält am Mundo Libre. All Woch gëtt bei där Geleeënheet iwwert en Thema geschwat wéi z.B. Éierlechkeet - fir wat se wichteg ass a wien e Beispill dofir ass. Zum Schluss stinn d'Meedercher op a sangen hir ‘Hymno del Mundo Libre’.

Moies komme verschidde Proffe fir Schoul ze halen. Nomëttes sinn d’Meedercher da meeschtens an deene verschiddenen Atelieren am Mundo Libre (Keramik, Stréck- an Heekelatelier, Handaarbecht, Computercours, Holzatelier, oder an der Schockelas-Fabrick) beschäftegt.

De Schockelas-Atelier gëtt am Moment, mat Hëllef vun engem Finanzement vun der AMU vergréissert. Dat wat an dësen Atelieren hiergestallt gëtt, gëtt op verschiddene Plazen, ënnert anerem um Flughafen zu Lima verkaaft fir e bësse Suen eranzebréngen.

Am Moment sinn si an enger ganz schwiereger finanzieller Situatioun: d’Señora Marilu muss kucke fir all Mount genuch Suen zesummen ze kréie fir d’Personal ze bezuelen an d’Käschten ze decken. Dëst gëtt ëmmer méi schwéier, virun 1 Joer huet de Jongendeel vum Instituto mussen zougemaach gi well si et net méi droe konnten. D’Haus kritt guer keng Hëllef vum Staat. D’Iessen sinn Donatioune vun engem Supermarché, 2x an der Woch fiert de Paul - hien ass Mann fir alles am Mundo Libre - mam Chauffeur bei de Supermarché d’Donatiounen ofhuelen. De Paul war fréier selwer e Niño, den am Mundo Libre therapéiert gouf.

Ech hunn virun allem an den Ateliere matgehollef, wat mir immens gutt gefall huet. Well ech am Mundo Libre gewunnt hunn war ech ëmmer present. De Claude Steichen hat Recht, wéi hie sot, dass déi 3 éischt Méint haart si bis een sech agelieft huet a wuelfillt. D’Meedercher wollte mech net goe loossen, den Abschid war schwéier awer ganz schéin.

D’Erfahrung war eemoleg, ech si frou, dankbar an houfreg op dës Zäit! Ech soen awer och der AMU Merci, fir dass ech dës Erfahrung hu konnte maachen.

Simone Neu
2022


Action pour un Monde Uni asbl - ONG agréée par le Ministère de la Coopération du Grand-Duché de Luxembourg

Contact