Volontariat a Bolivien: Pit Fries

Ech wëll mech eng Kéier kuerz virstellen: Ech heesche Pit Fries an am Numm vun der AMU maachen ech säit dem 2. Abrëll e Volontariat an der „Casa de los Niños“ zu Cochabamba a Bolivien. Dës Organisatioun, gegrënnt 2008, huet am Laf vun der Zäit hir eege Communautéit „Arco Iris“ opgebaut a leed säit 2010 hir eege Schoul. Et ass eng kleng Schoul mat 193 Kanner vun der Spillschoul, iwwert d‘Primärschoul bis an dat 9. Schouljoer vum Lycée.

Wéi ech a Bolivien ukomm si war mäin spuenesche Wuertschatz wierklech kleng an dofir hunn ech mech entscheet mat deene klenge Kanner ze schaffen. Ech konnt mech gutt integréieren an der 1. an 2. Klass a séier meng Sproochekenntnisser erweideren. Ee Saz dee mir wierklech gehollef huet a mir Kraaft ginn huet fir mat de Kanner ze schaffe, mat deenen ech mech am Ufank net wierklech gutt verstännege konnt, war: „La sonrisa es el lenguaje de todos los niños del mundo“ - „E Laachen ass d‘Sprooch vun alle Kanner op der Welt“. Dëst sollt bedeiten datt sou laang ech de Kanner mat engem Laachen entgéint trieden si mech verstoen an akzeptéiere wäerten. No 6 Méint kann ech behaapten datt ech mech wierklech gutt agelieft hunn. Ech schaffen nach ëmmer haaptsächlech mat menger 1. an 2 .Klass vun der Primärschoul a sinn e sougenannte „Assistance Schoulmeeschter“. Ech hëllefe mat d‘Kanner an der Klass bei hiren Aufgaben ze betreien a plangen déi verschidden Aktivitéite mat.

Nieft menger Haaptbeschäftegung fir d‘„Casa de los Niños“ engagéieren ech mech och nach all Weekend fräiwëlleg bei „Chicos de la Calle“. Hei treffen sech haaptsächlech Jugendlecher, ëmmer fräiwëlleg op engem Freiden. All zesumme kache mir da fir d’Leit vun der Strooss. Dëst Iesse gi mir dono an d‘Stad ausdeelen. Fir dass mir net mat engem risege Kachdëppen duerch d’Stad lafe mussen, fuere mir mat engem Minibus fir 10-20 Leit déi verschidde Plazen an der Stad un wou sech Leit ouni fest Doheem ophalen. Dobäi handelt et sech meeschtens ëm Familljen aus de rurale Gebieter déi fir eng Zäit an d‘Stad komme fir Geld ze verdéngen a sech dowéinst keng Wunneng leeschte kënnen, ëm Mënschen déi aus politeschen oder finanzielle Grënn op der Strooss gelant sinn an/ oder och ëm e groussen Deel vun Drogenofhängegen.

Wann ech mech selwer froen, ob et elo réckbléckend schwéier war mech anzeliewen oder ob ech hei hanne gutt eens ginn, dann treffen déi zwou Realitéite gutt zou. Wann ech éierlech sinn, dann hat ech am Ufank meng Schwieregkeete mat deenen ech zu engem gewëssen Deel iwwerfuerdert war. Et ass einfach alles aneschters wéi a menger Heemecht: den ëffentlechen Transport, d’Währung, d’Sprooch, d‘Iessen, d‘Geschäfter, d‘Kultur an nach villes méi. Et huet seng Zäit gedauert, mee no ongeféier zwee Méint hat ech mäin Alldag opgebaut an e groussen Deel vun dësen Erausfuerderunge gemeeschtert.

Elo liewen ech säit engem hallwe Joer zu Cochabamba an ech ka vu mir selwer behaapten dat ech mech gutt agelieft hunn: ech hu mir e gesond Privat- an Aarbeschtsëmfeld opgebaut, mäi Spuenesch verbessert an ech ka behaapten, dat wann ech duerch d‘Stroosse ginn d’Leit mech schonn sou lues all beim Numm kennen.

Pit Fries
2023


Action pour un Monde Uni asbl - ONG agréée par le Ministère de la Coopération du Grand-Duché de Luxembourg

Contact